Image Alt

Bei eis fillen sech Är Kanner wuel

Kontakt

(+352) 57 25 52

info@butzeneck.lu

150 Rue Victor Hugo L-4141 ESCH-SUR-ALZETTE

Öffnungszäiten

De Butzeneck ass op vu Méindes bis Freides, vu 7 bis 19 Auer, dat ganzt Joer ausser deenen offizielle Feierdeeg, an de Nomëtteger vun Helleg Owend a viru Sylvester.

Méindeg………………………..7:00 – 19:00

Dënnsten………………………7:00 – 19:00
Mëttwoch………………………7:00 – 19:00
Donneschden………………..7:00 – 19:00
Freiden………………………….7:00 – 19:00

Eis Raimlechkeeten

Um Rez-de chaussée spillen déi Grouss an Kleng.

Um éischte Stack versuerge mer eis Puppelcher, 0 bis 12 Méint.

Um zweete Stack, dem urspréngleche Butzeneck, fillen sech eis Butzen vun 1 bis 2 Joer puddelwuel.

Hannert dem Haus läit eise schéine Goart, an deem mer am Summer de Schied genéissen.

Eis Aktivitéiten

Mär profitéieren dat ganzt Joer vun eisem schéine Goart an dem Rescht fun der Lokalitéit.

De Butzeneck ass eng lëtzebuergesch Crèche an mer halen drop, eis Traditiounen ze erhalen a weider liewen ze loossen.

De Butzeneck ass eng lëtzebuergesch Crèche wou den Accent kloer op eis Mammesprooch geluecht gëtt.

An eisem Gäertchen planze mer Tomaten, Zucchini, Paprika, Zalot, Kabes an Äerdbier.

Musek gehéiert am Butzeneck zum Alldag. Mär sangen a lauschteren Lidder, spille Piano oder Djembé, maache Musek mat Perkussiounsinstrumenter.

Dat ass mär
wichteg!

Simone Neumann Geimer

D’Butzen a meng Famill si mäi Liewen. Ech si Mamm vu 4 Kanner an hunn 1993 zesummen mat mengem Mann de Butzeneck gegrënnt. Ech si mat Laif a Séil Museker a bréngen dat och an de Butzeneck eran.

Eis Gallerie

Mär ënnerscheeden eis besonnesch duerch d'Flexibilitéit vun eisen Umeldungsbedéngungen an duerch de respektive natierleche Rhythmus vun Äre Kanner. Eist engagéiert an dynamescht Personnal schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, awer och Franséisch, Portugisesch, Italienesch, Däitsch an Englesch.

Kontakt ophuelen